Wéinst der offizieller Staatstrauer vum verstuerwenen Groussherzog Jean, gëtt den Spilldag vum 4. Mee ofgesot. Elo gëtt den éischten Tour vum Jeuneschampionnat den Samschdeg, den 11. Mee, ofgehalen. Do trieden mir mat dräi Equippen un. D’Federatioun huet och schonn den ugepassten Spillplang online gestallt.

An der Divisioun 4 – Bezierk 4 trëtt eis éischt Equipe géint Buerglënster, Gilsdref/Veianen an Iechternach un. Gespillt gëtt hei zu Iechternach.

 

 

Eis zweet Equipe gouf an d’Divisioun 5 – Bezierk 1 gesat. Si spillen zu Proz géint Buerglënster II, den Préizerdaul II an Recken III.

 

 

Zu gudder Lescht nach eis drëtt Equipe, di an der Divisioun 5 – Bezierk 2 géint Gilsdref/Veianen II, Noumer II an Wëntger II spillt. D’Matcher ginn zu Gilsdref ausgedroen.

 

 

Kommentéier dësen Artikel

Deng E-Mail-Adress gëtt net publizéiert. Néideg Felder sinn mat * markéiert.