Mat Stolz kann een behaapten datt mir, wat d’Strofen vun der Federatioun betrëfft, net oft derbäi sinn. Um leschten Spilldag vun den Minimes huet et eis awer dunn erwëscht. Um Arbiterbou war vergiess ginn fir eis Equipe een Kapitän anzedroen. Den Kontrollinstanzen bleift sou eppes natierlech net verbuergen. D’Strof vun 1,50€ deet net wéi, passéiert awer sou eppes regelméisseg iwwert déi ganz Saison dann kann dat schon méi eng deier ginn.

Gläich e puer Equipen goufen ob dësem Spilldag wéinst dem nämlechten Feeler bestroft

Wéi een gesäit haten nach méi Equippen ob deem Spilldag en Problem mam Kapitän. Trotzdeem ob dëser Plaz nach eng Kéier den Rappell fir de Bou genau ze kontrolléieren iert een en ënnerschreift.

Strof muss sinn

Waat dech nach kéint interesséieren