An dëser Woch, den 26. an 28. Abrëll, hat den DT Welschent fir op säin 40ten Anniversaire agelueden. Eise Veräin gouf och zeréckbehalen fir op hirem Equippentournoi matzespillen. Nodeems den Seniorschampionnat säit engem gudden Mount eriwwer war, missten véier vun eise Spiller hir Rackett erëm zesummen rafen. Matgespillt fir eise Veräin haten de Marc M., de Marc B., de Kenny an de Rosch.

An den Eliminatoiren vun der Poule A war eis Equipe dann direkt géint Welschent I ugetrueden. De Géigner war deen Dag ze stark an si verléieren hire Match kloer mat 2-6.

Duerno am Spill em di drëtte Plaz hat eis Equipe et awer besser gemaacht. Si waren gutt an de Match komm an um Enn wannen si kloer mat 5-1 géint Feelen.

Hei nach den Iwwerbléck vun den Resultater vun eiser Equipe.

 

 

Gratulatioun un eis Equipe fir di drëtte Plaz. Zum Ofschloss hat den DT Welschent nach op een Iessen mat engem gemittlechen Pättchen agelueden fir hiren 40ten Anniversaire vum Veräin ofzeronnen.

Kommentéier dësen Artikel

Deng E-Mail-Adress gëtt net publizéiert. Néideg Felder sinn mat * markéiert.