An der Woch, vum 11. bis den 15. September, haten mir eisen Equippentournoi vum 50-järegen Jubiläum organiséiert. Am Ganzen haten 14 auswäerteg Equippen op eisem Tournoi deelgeholl. An der Woch gouf fir d’Plaz an den Finalen um Samschdeg gespillt. Aus eiser Siicht konnten sech awer nëmmen zwou vun eisen Equippen fir hir Finale qualifizéieren. Dat waren eis zweet Equipe an der Poule B an di véiert Equipe an der Poule D. An der Finale missten déi zwou Equippen sech hire Géigner geschloe ginn.

Ginn mir mol den Poulen der Réi no. An der Poule A hat eis éischt Equipe den Match ëm di 3te Plaz gespillt. An der Woch haten si kloer géint Welschent verluer. Dofir haten si eppes gutt ze maachen. Den Match géint Gilsdref/Veianen misst mam Dubbel entscheet ginn. Dee gouf leider am 5ten Saz verluer. Um Enn stoung di 4te Plaz fest.

1. Housen
2. Welschent
3. Gilsdref/Veianen
4. Miedernach

Eis zweet Equipe hat an der Poule B hir Finale géint Ëlwen gespillt. An der Woch konnten si sech kloer géint Kauneref duerchsetzen. D’Finale konnt leider net gewonne ginn. Soumat klasséiert sech eis zweet Equipe als 2ten.

1. Ëlwen
2. Miedernach
3. Bëschdref
4. Kauneref

Bei eiser drëtter Equipe war et an der Woch géint Biissen eng enk Affär an der Poule C. Mee si missten sech knapp geschloe ginn. Awer och den Match em di 3te Plaz war spannend. D’Entscheedung war am Dubbel gefall, zugonschten vun eiser Equipe. Eis drëtt Equipe beleet domat di 3te Plaz.

1. Hueschtert/Foulscht
2. Biissen
3. Miedernach
4. Rammerech

Kommen mir elo zu eiser véierter Equipe an der Poule D, déi sech an der Woch kloer géint Ouljen behaapt hat. Géint den Finalegéigner Lëntgen misst Entscheedung am Dubbel falen. Hei war et leider net duergaangen fir sech di éischte Plaz ze sécheren. Sou stoung um Enn di 2te Plaz fest.

1. Lëntgen
2. Miedernach
3. Bäerdref
4. Ouljen

Bei eiser Jugend waren mir mat zwou Equippen ugetrueden. Hei goufen di zwee Matcher an der Woch géint Berbuerg respektiv Wëntger verluer. Soumat haten eis Jugendspiller den Match em di 3te Plaz ausgespillt.

1. Berbuerg
2. Wëntger
3. Miedernach
4. Miedernach

No der Präisiwwerreechung haten mir als Ofschloss nach op een Iessen mat gemittlechen Pättchen agelueden fir eisen 50ten Anniversaire vum Veräin ofzeronnen. Op dëser Plaz nach e grousse Merci un all eis Memberen déi fläisseg matgeschafft haten fir dat mir dëst grousst Evenement organiséieren konnten. Awer och e grousse Merci un alleguerten di auswäerteg Equippen fir är Präsenz op eisem Equippentournoi.

Ze gudder Lescht nach eng Rei Fotoen vun eisem Evenement.

 

 

Kommentéier dësen Artikel

Deng E-Mail-Adress gëtt net publizéiert. Néideg Felder sinn mat * markéiert.