Um Mëttwoch, den 1. Mee, hat zu Mäerzeg di 12ten Editioun vum „Grand-Prix Waarkdall“ stattfonnt. Um Dag vun der Aarbecht haten e puer vun eise Spiller staark „Aarbecht“ geleescht.

An der Kategorie D1 war et zu enger weiderer veräinsinterner Finale komm. Den Adrien war dem Thomas géigeniwwer gestanen, mat dem besseren Enn fir den Adrien. Hien gëtt den 1ten an den Thomas beleet di 2te Plaz. Mat der éischter Umeldung op engem Tournoi an dëser Saison konnt sech den Rosch direkt belounen. Hien konnt sech an der Kategorie C2 duerchsetzen an séchert sech di 1te Plaz. Den Kenny war och erëm mat vun der Partie, dës Kéier beleet hien di 3te Plaz an der Kategorie Open Handicap. Den DT Miedernach gratuléiert.

 

 

 

 

Um Internetsite vun der Federatioun kënnen schonn d’Resultater vum Tournoi vun Groussbus/Mäerzeg agesinn ginn.

Kommentéier dësen Artikel

Deng E-Mail-Adress gëtt net publizéiert. Néideg Felder sinn mat * markéiert.