Den Sonndeg, den 12. Mee, gouf et weider exzellent Resultater vum Tournoi zu Äischen ze vermellen. Op der 8ter Editioun vum „Tournoi Individuel du DT Eischen“ resultéieren am Ganzen 6 Placéierungen.

Fänken mir mol mat der Kategorie D3 un, do konnt sech den Max an der Finale duerchsetzen an gëtt domat den 1ten. Weider geet et mat der Kategorie D1, hei verpasst dës Kéier den Thomas d’Finale, hien séchert sech di 3te Plaz. An der Finale stoung nämlech den Adrien, hien konnt déi fir sech entscheeden an beleet di 1te Plaz. An enger weiderer Finale stoung och den Rosch, mee hien konnt sech dës Kéier net behaapten, hien gëtt den 2ten an der Kategorie C2. Mat den Finalen war op deem Dag awer nach net Schluss. Den Kenny hat d’Konschtstéck fäerdeg bruecht, sech direkt fir zwou Finalen ze qualifizéieren. Leider misst hien sech all Kéiers geschloe ginn an klasséiert sech als 2ten an der Kategorie B3 an an der Kategorie B2. Den DT Miedernach gratuléiert.

 

 

 

 

 

 

D’Fiche mat den Resultater vum Tournoi zu Äischen kënnen ab elo um Internetsite vun der Federatioun nogekuckt ginn.

Kommentéier dësen Artikel

Deng E-Mail-Adress gëtt net publizéiert. Néideg Felder sinn mat * markéiert.