Den leschten Sonndeg, den 18. November, gouf et erëm zwou gutt Placéierungen um Tournoi zu Rued/Sir ze verzeechnen.

Op der 13ter Editioun vum „Tournoi Norbert Frieden“ konnt sech den Adrien an der Kategorie Cadets D di 3te Plaz sécheren. Di aner Placéierung kënnt vum Thomas, hien beleet hei di 1te Plaz an der Katgeorie D2. Den DT Miedernach gratuléiert.

 

 

 

Alleguer d’Resultater vum Tournoi zu Rued/Sir fannt dir wei gewinnt um Internetsite vun der Federatioun.

Kommentéier dësen Artikel

Deng E-Mail-Adress gëtt net publizéiert. Néideg Felder sinn mat * markéiert.