Um Ouschterméindeg, den 22. Abrëll, gouf nees den Tournoi zu Wëntger ausgedroen. Op der 26ter Editioun vum “Tournoi de la Commune de Wincrange” haten d’Gebridder Mayer op een Neits gutt Leeschtungen gewisen.

An der Kategorie B3 hat sech den Kenny géint all senge Géigner behaapt an sou séchert hien sech di 1te Plaz. Domat awer net genuch, och an der Kategorie B2 packt hien eng Placéierung. Gemeinsam mat sengem Brudder Greg beleeën si do di 3te Plaz. Den DT Miedernach gratuléiert.

 

 

 

D’Resultater vum Tournoi zu Wëntger kënnen och ab elo um Internetsite vun der Federatioun nogesicht ginn.

Kommentéier dësen Artikel

Deng E-Mail-Adress gëtt net publizéiert. Néideg Felder sinn mat * markéiert.