Obwuel den Championnat schonn eriwwer ass, haten sech e puer vun eise Spiller den leschten Samschdeg, den 6. Abrëll, um Tournoi zu Wolz opfonnt. Op der 9ter Editioun vum “Tournoi de la Fête du Genêt” haten 4 Memberen zougeschloen.

Ugefaangen an der Kategorie D3, do konnt sech den Max di 3te Plaz sécheren. Zousätzlech dozou war hien bis an d’Finale vun der Kategorie D2 komm, mee do misst hien sech sengem Géigner geschloe ginn an beleet di 2te Plaz. Weider geet et mam Alex, hien verbucht och erëm eng Placéierung, an der Kategorie C2 gëtt hien den 3ten. Dann kommen mir zu der Kategorie B3, do gouf et eppes Spezielles. Eng veräinsintern bridderlech Ausernanersetzung an der Finale tëschent dem Kenny an dem Greg. Um Enn konnt sech den Kenny an véier Saz géint den Brudder duerchsetzen. Den Kenny beleet soumat di 1te an den Greg di 2te Plaz. Den DT Miedernach gratuléiert.

 

 

 

 

 

Och d’Resultater vum Tournoi zu Wolz kënnen nees um Internetsite vun der Federatioun nogekuckt ginn.

Kommentéier dësen Artikel

Deng E-Mail-Adress gëtt net publizéiert. Néideg Felder sinn mat * markéiert.