Den leschten Sonndeg, den 7. Oktober, konnten zwee vun eise Spiller sech um Tournoi zu Zéisseng auszeechnen. Op der 47ter Editioun vum „Grand-Prix du DT Amicale Cessange“ haten den Adrien an den Thomas sech allen zwee fir d’Finale an der Kategorie D2 qualifizéiert. An der Finale setzt sech do den Thomas duerch an beleet di 1te Plaz. Den Adrien gouf awer erëm mat enger 2ter Plaz belount. Den DT Miedernach gratuléiert.

 

 

D’Fiche vun den Resultater vum Tournoi zu Zéisseng kann um Internetsite vun der Federatioun opgeruff ginn.

Kommentéier dësen Artikel

Deng E-Mail-Adress gëtt net publizéiert. Néideg Felder sinn mat * markéiert.