Mam 4ten Spilldag vum Seniorschampionnat war et dësen Samschdeg, den 20. Oktober, weidergaangen. Et gouf doheem an eegener Hal gespillt.

Bei eiser éischter Equipe leeft et nach ëmmer richteg gutt an si bléifen weider ongeschloen. Virun deenen leschten zwee Eenzelenmatcher stoung Victoire schonn fest. Den Match géint Kauneref gouf knapp mat 6-4 gewonnen.

No der onnéideger Defaite leschte Woch hat eis zweet Equipe et dës Kéier besser gemaacht. Den Match géint Gilsdref/Veianen II goung mat enger wichteger 7-3 Victoire op een Enn.

Awer och bei eiser drëtter Equipe war den Match géint Wëntger III ganz gutt verlaf. No den Dubbelen louch schonn eng kloer Avance vir, dat hat sech eis Equipe net méi huele gelooss an sou gewannen si den Match mat 7-3.

Bei eiser véierter Equipe war et manner gutt gaangen. Wéinst Personalmangel konnt eis Equipe nëmmen mat zwee Spiller untrieden. Ëmmerhin konnt een Eenzelmatch gewonne ginn. Géint Noumer IV setzt et eng kloer 1-9 Defaite.

Elo kënnt eng kleng Paus vun dräi Wochen an dann steet den 10. November den 5ten Spilldag um Programm.

Kommentéier dësen Artikel

Deng E-Mail-Adress gëtt net publizéiert. Néideg Felder sinn mat * markéiert.