Op dësem Samschdeg, den 9. Februar, gouf den 14ten Spilldag vum Seniorschampionnat ausgedroen. Alleguer eis Equippen haten Heemrecht.

Eis éischt Equipe war géint Recken III ugetrueden. Lescht Woch haten si nach ganz knapp gewonnen, dës Kéier missten si sech mat 4-6 geschloe ginn.

Eis zweet Equipe hat géint Nacher gespillt. Den Géigner hat hinnen keng Chance gelooss an um Enn stoung et 0-10 aus eiser Siicht.

Eis drëtt Equipe hat dat selwecht Schicksal getraff. Den Géigner war vill méi staark klasséiert an domat verléieren si géint Noumer ganz kloer mat 0-10.

Eis véiert Equipe war nëmmen mat zwee Spiller ugetrueden. Awer hei setzt et och eng ganz kloer 0-10 Defaite géint Lenneng VIII.

Den Seniorschampionnat geet elo an eng Paus vun dräi Wochen. Duerno stinn ab dem Samschdeg, den 9. Mäerz, nach di lescht véier Spilldeeg um Programm.

Kommentéier dësen Artikel

Deng E-Mail-Adress gëtt net publizéiert. Néideg Felder sinn mat * markéiert.