Eis drëtt Equipe ass jo déi läscht Saison an déi 4. Divisioun gestiegen, an dat bréngt dann natierlech mat sech datt an der Equipe een véierten Mann gebraucht gëtt. Anescht wéi an der 5ter Divisioun muss d’Equipe nämlech elo mat engem Spiller méi untrieden.

Mir sinn dofir frou fir den Mayer Roger erëm an eisen Reien dierfen ze begréissen. Déi läscht Joren huet hien nach den Veräin vun Dëschtennis Biissen ënnerstëtzt, huet awer lo rem de Wee bei den DT Miedernach fonnt. Dem Roger en häerzlechen Wëllkomm an ob eng erfollegräich Saison.

Verstärkung fir déi drëtt Equipe

Waat dech nach kéint interesséieren