Op dësem Samschdeg, den 26. Januar, stoung den leschten Spilldag vum 2ten Tour am Cadetschampionnat um Programm. Et gouf auswäerts gespillt.

Eis éischt Equipe hat géint den Préizerdaul gespillt. An engem zimlech enken Match kënnen si sech ganz knapp mat 6-4 behaapten.

Domat spréngt fir eis éischt Equipe di 2te Plaz mat 13 Punkten eraus.

Fir eis zweet Equipe war net esou gutt verlaf, si waren och mat engem Spiller manner ugetrueden. Duerch deen Nodeel setzt et géint Ettelbréck eng 3-7 Defaite.

An der Tabell placéiert sech eis zweet Equipe als 4ten mat 6 Punkten.

Fir eis Cadetsequippen steet elo erëm eng kleng Paus un. Dann geet et fir si den Samschdeg, den 9. Februar, mam 1ten Spilldag vum 3ten Tour weider.

Kommentéier dësen Artikel

Deng E-Mail-Adress gëtt net publizéiert. Néideg Felder sinn mat * markéiert.