Op dësem Samschdeg, stoung den 2ten Spilldag vum Cadetschampionnat um Programm.

No der knapper Defaite lescht Woch hat eis éischt Equipe et dës Kéier besser gemaacht. Beim Auswäertsmatch géint Wëntger gouf e gerecht 5-5 Gläichspill.

Eis zweet Equipe war doheem géint Lëntgen III ugetrueden. Um Pabeier war den Géigner méi staark klasséiert, soudass eis Equipe e schwéieren Stand hat. Um Enn verléieren si kloer mat 1-9.

Um nächsten Samschdeg, den 20. Oktober, geet et weider mam 3ten Spilldag vum Cadetschampionnat. Eis zwou Equippen trieden allebéid doheem un, dat géint den Préizerdaul respektiv géint Recken V.

Kommentéier dësen Artikel

Deng E-Mail-Adress gëtt net publizéiert. Néideg Felder sinn mat * markéiert.