Op dësem Samschdeg, den 5. Mee, goung et weider mam Jeuneschampionnat.

Eis éischt Equipe war den Wee bis op Gilsdref ugetrueden. Den éischten Géigner war d’Equipe vun Wëntger II. Wéi schonn di lescht Woch hat eis Equipe och hei näischt ubrenne gelooss an si wannen haut e bëssen méi knapp mat 4-2.
Am leschten Match vum Dag haten si dem Géigner keng Chance gelooss an si wannen ganz kloer mat 6-0 géint Gilsdref/Veianen.

Mat fënnef Victoiren aus fënnef Matcher klasséiert sech eis éischt Equipe als 1ten mat 15 Punkten. Gratulatioun un den Sven H., den Domenik an d’Hannah fir di super Leeschtungen.

Lo kommen mir zu eiser zweeter Equipe, déi doheem an eegener Hal gespillt hat. Den éischte Match waren si géint Housen II ugetrueden. Den Match war zimlech ausgeglach an um Enn trennen si sech och mat engem 3-3 Gläichspill.
Duerno haten si géint Bäerbuerg gespillt, déi mat engem Spiller manner ugetrueden waren. Sou konnt eis Equipe den Match mat 4-2 wannen.

An der Tabell klasséiert sech eis zweet Equipe als 3ten mat 11 Punkten.

Op dësem Spilldag misst eis drëtt Equipe leider Forfait mëllen, bedéngt duerch eng Verletzung vun engem vun eisen Jugendspiller. Op dëser Plaz wënschen mir eng gutt Besserung.

Eis drëtt Equipe beleet hei di 4ten Plaz an der Tabell mat 7 Punkten.

Sou den nächsten Samschdeg, den 12. Mee, start den 2ten Tour vum Jeuneschampionnat mam 3ten an leschten Spilldag vun dëser Saison.

Kommentéier dësen Artikel

Deng E-Mail-Adress gëtt net publizéiert. Néideg Felder sinn mat * markéiert.