Op dësem Samschdeg, den 26. Januar, goung mam 12ten Spilldag vum Seniorschampionnat weider. Um Programm stoungen Heemmatcher.

Fir den Opstig hat eis éischt Equipe géint den direkten Géigner Schandel gespillt. Mee et sollt um Enn net duergoen, si ënnerleien ganz knapp mat 4-6.

E ganz wichtegen Match hat eis zweet Equipe géint den Ofstig bestridden. Um Enn war et just duergaangen fir sech ganz knapp mat 6-4 géint Ënsber/Heischent II duerchzesetzen.

Eis drëtt Equipe hat Wëlwerwolz op Besuch. Genee wei di lescht Matcher war den Géigner vill ze staark an si verléieren ganz kloer mat 1-9.

Eis véiert Equipe hat géint Noumer IV gespillt. Eis Jugend konnt sech gutt presentéieren an spillen géint eis Noperen 5-5 gläich.

Den nächsten Samschdeg, den 2. Februar, steet den 13ten Spilldag vum Seniorschampionnat um Programm. All Kéiers gëtt auswäerts ugetrueden.

Kommentéier dësen Artikel

Deng E-Mail-Adress gëtt net publizéiert. Néideg Felder sinn mat * markéiert.