Turnéier zu Miedernach

Turnéier zu Miedernach

De leschte Sonndeg hate mir eisen 1ten Individuellen Turnéier ausgeriicht. Mir haten am Ganzen 183 Inscriptiounen ze verzeechnen. Als Veräin si mir mat 11 Spiller/-innen ugetrueden. Den Erfolleg war och net ausbliwwen, et goufen nämlech am Ganzen 9 Placéierungen ze vermellen!

Ugefaangen an der Kategorie D2, do missten sech d’Julie an de Liam an der Halleffinale geschloe ginn a sécheren sech allebéid di 3te Plaz. An der Kategorie C1 konnten sech 3 vun eise Spiller fir d’Halleffinale qualifizéieren, nämlech d’Marie, de Jerry an de Sacha. Fir d’Finale konnt sech nëmmen de Sacha qualifizéieren. Souguer do hat sech de Sacha duerchgesat a beleet di formidabel 1te Plaz. D’Marie an de Jerry placéieren sech hei op der 3ter Plaz. An der nächster Kategorie B3 war de Paul mat enger 3ter Plaz erfollegräich. Dat war awer net genuch, och an der Kategorie B2 konnt de Paul di 3te Plaz mat Heem huelen. Nieft him konnten sech och nach de Sven an de Marc fir d’Halleffinale qualifiéieren. Um Enn spréngt och di 3te Plaz fir de Sven eraus a fir de Marc bléift di gutt 2te Plaz. Den DT Miedernach gratuléiert fir di exzellent Resultater!

Kommentéier dësen Artikel

Deng E-Mail-Adress gëtt net publizéiert. Néideg Felder sinn mat * markéiert.